Wéngert's Laf 2025

Wénzer Laf a Wanderung duerch d'Wéngerte vu Rémich a Schengen

📅 4 Mai 2025 zu 📍Réimech

Wéngert’s Laf – 4. Mee 2025 

De Wéngert's Laf ass e flotte folkloristesche Laf oder Spadséiergank duerch d'Wéngerte ronderëm Réimech a Schengen. 

Genéisst di beandrockend Vue op d'Landschaft wärend Dir déi räich Wënzerkultur vun der Regioun exploréiert. 

Ënnerwee waarden 5 Ravi'en op Iech, wou e lokale Wënzer Iech op eng Degustatioun vun hire bechten Wäiner aluet. Gekoppelt mat leckeren Amouse-Bouchen vun eise gastronomesche Partner bei all Ravi. 

Wéi ëmmer gëtt d'Evenement vu lieweger Musek begleet, déi déi perfekt Atmosphär fir en onvergiesslechen Dag schaaft. 

Verpasst net dës eenzegaarteg Erfahrung am Häerz vun de Wéngerten!

Ticketen fir dëst Evenement sinn limitéiert.

  • Start an Arrivée @ Domaine Goldbierg - Benoit & Claude
  • Distanz fir Spadséier- oder Lafen: ca 14km
  • Startzeit: 11.00 Uhr
  • Nb vun Stänn / Degustatiounen: 5

Nëmmen am Vierverkaf erhältlich. Kee Startticket gëtt sur Place um Evenement verkaaft.

Ticketen kaafen a matmaachen

  1. Esou vill Ticketen wéi Dir braucht an äre Caddie leeën. Vir all Ticket den Numm vum Participant afëllen..
  2. Ticketen aus dem Caddie sécuriséiert bestellen. Dir krit eng Konfirmatiousmail.
  3. Mir halen Ierch per Mail um laafenden iwwert den Event.
  4. Vum 26. Abrëll verschécke mer d'Startnummeren per Post.
  5. Dir verdeelt d'Startnummeren a kommt de 5. Mee!

Dir kënnt är Bestellung bis zum 25. Abrëll réckgängeg maachen. Är Sue kritt Dir dann natiirlech integral zeréck.

Wénzer & Sponsoren

PAULS

pauls.lu

Domaine 64

domaine64.lu

Molling Wines

mollingwines.lu

Benoit & Claude

benoitclaude.lu

Catering
  • Boulangerie Mosella
  • Artisal & Kern
  • Berdorfer Kéis
  • Grosbusch
  • Sources Rosport
Sponsors
  • LuxMotor Ford
  • Loterie Nationale
  • LALUX Assurance
  • BIL – Banque Internationale à Luxembourg
  • Raym. Weyland
  • Ikebana
  • Lettrage Langehegermann
Sponsors
  • Novus Renovation
  • C.M. Attert
  • HussTec
  • Léon Steffes
  • Dan Beck Immobilère
  • Beim Figaro
  • Moes Frères
  • Mathis Prost
  • Pneus Othmar Gloden

Start & Ziel Bereich

De Start vun dësem Joer ass am Domaine Goldbierg - Benoit & Claude.

Adress: 33, um Goldbierg - 5574 Remich

Dir kënnt d'Adress op Google Maps a Waze fannen. Eng Rei Auto GPS Systemer waerten d'Adress net erkennen.

Startzäit ass 11 Auer